top of page

Wëllefcher's - Method

 

Konzept a Philosophie vun der Wëllefchermethod:

​

Symboleschen Hannergronn ass dem Rudyard Kipling säin "Dschungelbuch":

​

  • Do geet et ëm e Jong, dem Mowgli, deen am Indeschen Dschungel ausgesat gouf a vun den Déieren aus dem Dschungel opgeholl gëtt. Hien geréit do an de Mëttelpunkt. 

  • Hien huet et nët einfach op dësem Wee a geréit vun engem Abenteuer an dat Anert, mee séng Frënn aus dem Dschungel stinn him daper zur Säit.

  • Dës Geschicht, déi u sech vill Parallelen zu eiser Gesellschaft opweist, liwwert nët nëmmen e flotten, abenteuerlechen a kandsgerechte Kader, mee huet doriwwer eraus och nach e ganze Koup edukativ Wäerter, déi mir dem Kand wëlle mat op de Wee ginn.

​

  • Op dëser Plaz sief nëmmen op de Charakter vun den eenzelnen Akteurë vun der Geschicht higewisen: Grondelement vun der Wëllefchermethod as d´Spill:

  • am Kanneralter léiert e Kand séng Ëmwelt a séng Matmënschen am an duerch d´Spill begräifen . Wann ee méi wäit geet, kann een esouguer soën: d´Liewen as een eenzegt grousst Spill oder wéi den  Shakespeare sot:

 

"All the world's a stage. And all the men and all the women merely players. 

      They have their exits and their entrances; And one man in his time plays many parts, His acts being seven ages.    [...]" *

​

  • all Dag léiere mir op en Neits Saache bäi; et gin eng ganz Parti Regelen, no denen dëst Spill ofleeft; mee doriwwer eraus hu mir d´Méiglechkeet, fir bannen dësem Kader selwer matzebestëmmen, wéi dat Spill leeft, ähnlech ass et och bei de Wëllefcher: am Dschungel gët et e Gesetz a Regelen. Bannen an dësem Kader as den Eenzelnen awer fräi, selwer aktiv matzemaachen a matzegestalten. Datt dëst nët ouni "Training" geet, as gewosst. Dat Spill zitt sech iwwer Joëren hin; esou kann d´Kand lues a lues an enger familiärer Gemeinschaft (souwuel am Ruddel wéi och an der Sizaine) wuessen a räif gin (perséinleche Fortschrëtt).
     

  1. Am Ufank vum Wuessen a vun dem Wee duerch den Dschungel steet de Mowgliposter:
    Nodeem d´Kand séch entscheed huet (no 3 Méint) fir bei de Wëllefcher ze bleiwen, kann et säi Wee als Mowgli ufänken. De Mowgli as deen Neien, den Onerfuerenen, dee Scheien, deen, dee vill bäiléiere muss, fir kënnen an engem frieme Milieu z´iwwerliewen. Als Zeeche vu sénger Zougehéieregkeet zu dëser Gemeinschaft kritt hien da vu séngem Ruddel de Foulard iwwerreecht. Elo geet et dann drëms, fir e ganze Koup Fähegketen ze entwéckelen, dëst nët nëmmen um Niveau vu Kierper a Geescht, mee och um Niveau vum Grupp, an deem de Mowgli lieft: ouni dës Gemeinschaft, op déi hien ëmmer ziele kann an déi hien nët fale léisst, wär hie verluer.

  • D´Verspriechen, dat grousst Ophuelen an dës Gemeinschaft an d´Ausdrécke vum feste Wëllen derbäi ze bleiwen, schléisst d´Mowglisjoër of. An enger flotter Zeremonie engagéiert d´Kand sech vis-à-vis vum Ruddel, vun de Cheftainen a Chef; mee och d´Kanner, d´Cheftainen a Chef engagéiere sech, fir eise Mowgli op séngem Wee ze begleden. D´Kand mécht no séngem Verspriechen an de Biber e weidert Verspriechen op séngem Wee duerch de Guidissëm/Scoutissëm. Als äusserlecht Zeechen heizou kritt d´Kand de giele Badge, wou zwee Fangeren uschloën, iwwerreecht. Mat enger zolitter Equipe hanner sech kann d´Kand sech dann elo op de Wee maachen, fir déi eenzel Pisten ze erfuerschen, fir esou lues a lues d´Liewe vum Dschungel kennenzeléieren. Hei entdeckt et d´Charakteren an d´Egeschafte vun den eenzelnen Déieren aus dem Dschungel.

  • Déi 4 Pisten sin de Baloo, de Bagheera, de Kotick, den Darzee. Si sin d´Suite vun der Mowglispist: - si bauen op d´Mowglispist op; - si verdéiwen; - si bréngen nei Elementer eran. De Wëllefcher geet an 2 Joër déi 4 Pisten duerch. Déi 4 Pistë gehéieren zu 4 verschidden Beräicher vum Liewen, anzwar: - Relatioun zu anere Mënschen - Relatioun zu sech selwer. - Relatioun zum egene Kierper. - Relatioun zur Ëmwelt. Heimat sin déi 4 resp. 5 Pistë kuurz ugedeit, déi de perséinleche Fortschrëtt bei de Wëllefcher markéieren. D´Relatioun zu Gott gët an alle d´Pistën integréiert, well Gott hanner all Beräich ze sichen as, an als Quell vun all Entdeckung ze betruechten ass.

  • Um Enn vum Wëllefcher sénger "Karriär" steet nach eng Kéier e grousst Fest virun der Diir:
    Aus dem Wëllefchen gëtt en AvEx: D'Montée as e grousst Fest, wou d´Kand symbolesch an eng nei Gemeinschaft, déi séngem Alter entsprécht, opgeholl gët.

 

Ofgeännerten Text vun www.lgs.lu

​

* https://www.poetryfoundation.org/poems/56966/speech-all-the-worlds-a-stage

 

 

 

bottom of page