
Eis Trupp

LGS - Mahatma Gandhi Biekerech
D'Biekerecher Scouten,
Em déi 85 Memberen déi aktiv sinn an de Scoutismus liewen.
Bei eis kënnt deng Fräizäit voll op hiir Käschten!
Mir maache Weekender a Sortien am Land oder Ausland,
am Summer probéiere mir op Campen ze goen -
säit 1998 si mir well e bëssen ronderëm komm.

CAMPEN
III.2. National Campen
2021
ZAM - Éisterräich _CARAPIO
2020
Monnerech _AVEX
2014
Yakari - Neihaischen _WËLLEF
Sabanqar - Leideléng _AVEX
2013
Velotrip - Buerschent_
2011
Wandercamp - Wolz_
2010
Adventum MMX - Stengefort _AVEX
2006
Tupelay - Schous _AVEX
Pollux - Lëtzebuerg
Rolli Roller - Colmar-Bierg
2004
Aitutaki- Biekerech
1999
Dikrecher Camp
IV. International Campen
2015
World Jamboree - Japan
2012
Vis-tes-rêves - Paräis/Metz
2009
Rumänien
2008
Portugal
2007
Bodensee
2003
Slovenija - Slowenien
2002
Ostfriesland - Mam Velo
2001
Creactif - Kandersteg, Schwäiz
2015
De Renert
Wat bidde mir?
Learning By Doing
De Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ass en erzéieresche Jugendmouvement, deen op ass fir jiddereen. Déi edukativ Aarbecht baséiert op den Iddien an der Method vum Grënner Lord Robert Baden-Powell (kuerz BP). Dat praktescht Schaffen an d'Selwermaache sti virop. Esou kréien d'Kanner an déi Jonk Fäegkeeten a Wäerter vermëttelt mam Zil, eng konstruktiv Roll an der Gesellschaft ze spillen.
Ask the boy / Ask the girl
Progressiv Matbestëmmung gëtt bei eis grouss geschriwwen. D’Kanner a Jugendlech decidéiere selwer, ënnerstëtzt duerch hir Cheftainen a Chef, wat si ënnerhuele wëllen. Et gëtt a klengen Equipe geschafft, wou jiddereen zu Wuert kënnt. Esou léiere si mat ze diskutéieren, am Grupp mat Aneren zesummen ze schaffen an no an no Verantwortung fir Anerer ze iwwerhuelen. Et geschitt keng Bewäertung an esou kann den Eenzelen ouni Leeschtungsdrock sech a sengem eegene Rhythmus entwéckelen. Déi Jonk gi begleed vun erwuessenen a forméierte Cheftainen Chef, déi alleguer hir Aarbecht benevol duerchféieren.
Natur erliewen an
international Frëndschafte liewen
D’Natur bitt net nëmmen de Kader vun eisen Aktivitéiten, mee d'Kenneléieren an de Respekt virun der Ëmwelt stinn am Mëttelpunkt.
Vill Wäert gëtt och op d’international Kontakter geluecht. D'Grondiddi heibäi ass: Mat gudde Frënn am Ausland gëtt ee méi räich an oppe fir Neits. Haaptzil ass a bleift de Fridden op der Welt. '’LGS sinn, nieft hiren traditionelle Guiden- a Scoutsaktivitéiten, staark an der Entwécklungszesummenaarbecht engagéiert. Projeten an deem Beräich geschéien an Zesummenaarbecht mat der ONGD "Guiden a Scouten fir ENG Welt".

EVENTS
-
Viz verkafen
-
Crëschtmäert matt eise Bastelsaachen
-
Openair Kino zu Biekerech
-
Wëllefchersrallye
-
Yoti Yota
Mir hunn eng ze dinn..
![]() | ![]() | ![]() |
---|---|---|
![]() | ![]() | ![]() |
![]() | ![]() | ![]() |
![]() | ![]() | ![]() |
![]() | ![]() | ![]() |