top of page

De Gruppechef oder d'Gruppechefen

 

Wat mëcht deen eigentlech?
 

De Grupp gëtt geleet a no bausse vertruede vun engem Gruppechef. De Gruppechef ass dem Verband géintiwwer verantwortlech fir d’gutt Fonctionnéiere vum Grupp no de Grondsätz, Statuten a Reglementer vun de „Lëtzebuerger Guidena Scouten“. (Statuten Art. 3.3)

 

De Gruppechef huet eng wichteg an intressant Funktioun mat ville Facetten:


De Gruppechef ass ee kollegiale Chef am Grupp.


• e gudde perséinleche Kontakt mat jidderengem am Grupp
• hëlleft bei Schwieregkeeten, vermëttelt bei Sträitfroen a Reiwereien, motivéiert fir mat ze decidéieren a mat Verantwortung z’iwwerhuelen.
• leet e Wäert op d'Koeducatioun
• huet virun allem eng positiv Astellung , spuert net mat éierlechemLuef, an hält sech zréck mat Kritiken.
• schafft un den eegene Chefqualitéiten an hëlleft deenen aneren,dës Qualitéiten ze entwéckelen.

 

De Gruppechef ass de responsabele Chef vum Grupp
• suergt derfir, datt de Grupp séng Roll an der Uertschaft an amVerband erfëllt
• huet en Iwwerbléck iwwert d'Finanzen vum Grupp, Subsiden, Gruppekees, Branchekees
• ass op fir nei Iddien, encouragéiert originell Initiativen an akzeptéiert och emol e Risiko.
• fördert d’Zesummeschaffe vun de Branchen am Grupp,
• ass de Mediateur tëschent de Partneren vum Grupp (ASBL, de Frënn, der Gemeng.... )an hie setzt sech derfir an, datt déi eenzel Branche Raim a Material zu Verfügung hunn
• waacht driwwer, datt déi edukativ Ziler vum Guiddissem/Scoutissem ni vergiess ginn.
• Suergt, datt déi eenzel Chef nët op hire Poste sëtze bleiwen andoduerch méi Jonker keng Chance kréie fir och hir Talenter als Chef ze entwéckelen. An dësem Punkt geet hie mam gudde Beispill vir.

representéiert de Grupp no baussen an ënnerhält gutt Kontakter mat den Elteren, den Autoritéiten, de Nopeschgruppen, den aneren Veräiner asw.
• Hält den Zäitplang vum Grupp am Aa ( Umeldungen WE, Formatiounen,...)

Aktuell Gruppechefen vun de Biekerecher Scouten
(ab 2016)

Kopie von IMG_7013.JPG
Daniel Schuh an Simone Grund
 

 
rocks-ge4e7fea88_1920.jpg

Fréier Gruppechefen vun de Biekerecher Souten
(bis 2016)

Jean Paul Schneider
 
- Gruppechef vun 1998 - 2006
Claude Mehlen
 
- Gruppechef vun 2006 - 2014

(RIP)
under construction.png
Cynthia
 
 - Gruppecheftaine vun 2014-2016
under construction.png
under construction.png
under construction.png
Alain Rota (Formatioun)
 
Marinella Bossi (Finanzen)
 
- Gruppecheffen säit 2014
bottom of page