top of page
D’Guide-/Scoutsgesetz

Eng Guide / E Scout:
1. ass zouverlässeg
2. ass éierlech a fair
3. ass bereet ze hëllefen
4. ass gutt zu all Mënsch
5. mécht den éischte Schrëtt a setzt sech a fir Gerechtegkeet
6. respektéiert d’Liewen an all senge Formen
7. kann nolauschteren a Kritik erdroen
8. huet eng positiv Liewensastellung
9. ka sech organiséieren a mécht näischt hallef
10. hält sech kierperlech a geeschteg gesond

Method an Ziler

Fir all Jongen a Meedercher ...

... tëscht 6 an 23 Joer.

Bei den LGS sinn déi meescht Gruppe gemëscht, mat Meedercher a Jongen. Och behënnert Kanner a Jugendlecher kënne matmaachen (Gamma). Bei eis gëtt all eenzelne Member a senger Individualitéit gestäerkt fir seng Plaz an der Gesellschaft ze fannen. Et gëtt net no Geschlecht, moralescher oder reliéiser Iwwerzeegung bewäert.

Et ginn am Land eng 58 lokal Gruppe mat méi wéi 5.000 Memberen. Mir gehéieren zu de Weltverbänn vun de Guiden (WAGGGS) a Scouten (WOSM). Mat bal 38 Millioune Memberen ass de Scoutissem/Guidissem de weltwäit gréisste Jugendmouvement.

 

Learning By Doing

De Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ass en erzéieresche Jugendmouvement, deen op ass fir jiddereen. Déi edukativ Aarbecht baséiert op den Iddien an der Method vum Grënner Lord Robert Baden-Powell (kuerz BP). Dat praktescht Schaffen an d'Selwermaache sti virop. Esou kréien d'Kanner an déi Jonk Fäegkeeten a Wäerter vermëttelt mam Zil, eng konstruktiv Roll an der Gesellschaft ze spillen.

​

Ask the boy / ask the girl

Progressiv Matbestëmmung gëtt bei eis grouss geschriwwen. D’Kanner a Jugendlech decidéiere selwer, ënnerstëtzt duerch hir Cheftainen a Chef, wat si ënnerhuele wëllen. Et gëtt a klengen Equipe geschafft, wou jiddereen zu Wuert kënnt. Esou léiere si mat ze diskutéieren, am Grupp mat Aneren zesummen ze schaffen an no an no Verantwortung fir Anerer ze iwwerhuelen. Et geschitt keng Bewäertung an esou kann den Eenzelen ouni Leeschtungsdrock sech a sengem eegene Rhythmus entwéckelen. Déi Jonk gi begleed vun erwuessenen a forméierte Cheftainen Chef, déi alleguer hir Aarbecht benevol duerchféieren.

​

Natur erliewen an international Frëndschafte liewen

D’Natur bitt net nëmmen de Kader vun eisen Aktivitéiten, mee d'Kenneléieren an de Respekt virun der Ëmwelt stinn am Mëttelpunkt.

Vill Wäert gëtt och op d’international Kontakter geluecht. D'Grondiddi heibäi ass: Mat gudde Frënn am Ausland gëtt ee méi räich an oppe fir Neits. Haaptzil ass a bleift de Fridden op der Welt. '’LGS sinn, nieft hiren traditionelle Guiden- a Scoutsaktivitéiten, staark an der Entwécklungszesummenaarbecht engagéiert. Projeten an deem Beräich geschéien an Zesummenaarbecht mat der ONGD "Guiden a Scouten fir ENG Welt".

​

Grënnung vun den LGS

D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten goufen de 15. Mee 1994 gegrënnt. Dëse Verband ass den Nofolger vum Verband vun de "Lëtzebuerger Scouten" a vum Verband vun de "Lëtzebuerger Guiden".

 De Verband vun de Lëtzebuerger Scouten (Fédération Nationale dës Scouts du Luxembourg - FNSL) huet 1919 déi Scoutstruppen zesummegefaasst, déi deemols - deelweis schon zënter 1913/1914 - als Sektioune vum "Verband der luxemburgischen katholischen Jugendvereine" bestan huet.

 

  • De Verband vun de Lëtzebuerger Guiden (Catholic Luxembourg Girl Guides) ass gegrënnt gin am November 1938 vum Mgr Pierre Posing. Déi éischt Guidesektioun war d´Sektioun Notre-Dame, Lëtzebuerg-Kathedral.

  • D'Lëtzebuerger Scouten an d´Lëtzebuerger Guiden waren zwee Jugendmouvementer, denen hiert Haaptzil d'Erzéiung vun de Kanner a Jugendleche war. Allebéid hu se dobäi nom Erzéiungskonzept vum Baden-Powell geschafft. Hien huet séng Iddiën a séng Method ufanks vum 20 Jorhonnert, entspriechend de gesellschaftleche Strukture vun deemols, wuel getrennt fir Jongen a Meedercher formuléiert, mee all Kéier an der selwechter Zilsetzung an am selwechte Geescht.

  • Haut hunn déi gesellschaftlech Strukture geännert. Dofir hun déi zwee chrëschtlech orientéiert Verbänn, déi déi selwescht Ziler ustriewen, no intensivem Iwwerleën an Zesummenaarbecht de 15. Mee 1994 décidéiert, an engem eenzege Verband ze fusionéieren.

  • D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten si Grënnungsmember vun:

  • D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten an d´AGGL hunn en Daachverband zu Lëtzebuerg,de "Bureau de Liaison des Associations Guides Luxembourgeoises" (gegrënnt 1958).

  • D´Lëtzebuerger Guiden a Scouten an d´FNEL hun en Daachverband zu Lëtzebuerg,d'"Luxembourg Boy Scout Association" (gegrënnt 1945). Chef-Scout dovun as de Grand-Duc Jean .

  • De Groupement des associations et fédérations scoutes-guides du Luxembourg a.s.b.l. (gegrënnt 2002) regroupéiert all d'Guiden a Scouts Verbänn vu Lëtzebuerg.

  • Op internationalem Plang gehéieren d'Lëtzebuerger Guiden a Scouten zu de Weltorganisatioune vun de Guiden - WAGGGS (World Organization of Guirl Guides and Girl Scouts, gegrënnt 1928, Welt-Daachorganisatioun vun den unerkannte Guideverbänn, mat Sëtz zu London)

  • a vun de Scouten WOSM (World Organization of the Scout Movement, gegrënnt 1922 Welt-Daachorganisatioun vun den unerkannte Scoutsverbänn, mat Sëtz zu Genève)

        Wat bedeit eigentlech.......?

 

  • 3 Spëtzen / Blieder = 3 Prinzipie vum Scoutissem / Guidissem & Verspriechen

  • lénks: "duty to the others"

  • mëtt: "duty to God"

  • riets: "duty to ourselves"

  • déi mëttelst Deeler vun Kléiblat & Fleur de Lys weisen no vir & no uewen

  • = Kompassnol, déi äis d'Richtung weist an de richtege Wee hëlleft fannen

  • =Zougehéieregkeet zu deenen 2 Weltverbänn WAGGGS & WOSM

  • = gemëschte Verband / Koedukatioun

  • = Leit ronderëm e Lagerfeier

  • = weltwäit Bewegung ronderëm déi selwecht Zielerbestinn aus eenzelnen Deeler

  • = mir sinn e Mouvement, a Bewegung, dynamesch, op fir Verännerung;

  • = aus villen Eenzelne gëtt ee Ganzt bewosst asymetresch

  • = Dynamik: et geet äis ëm d'Léieren aus de Feeler

  • Kräiz: chrëschtlech Orientéierung vum Verband "ersetzt" d'Kompassnol vu WAGGGS-a WOSM

  • Ofzeechen = Orientéierung u Jesus Christus net opdrénglech, mee hält dat Ganzt an der Mëtt zesummen

  • 2 Stären: Gesetz & Verspriechen

  • 10 Spëtzen = 10 Punkte vum Guide / Scoutsgesetz

  • 2 Stären = 2 Aen = Hal d'Aen op = "Emmer bereet" = Devise vu B.P. & LGS

  • = mir solle mat oppenen Aen duerch d'Welt goen an do hëllefen, wou et noutwenneg ass a wou mir kënnen

  • = méi wäit gesinn (Stärenhimmel, aner Dimensiounen asw.)

  • = Orientéierung an der Natur = Einfachheet

bottom of page