top of page


Datum | Detailler zum Datum |
---|---|
8. Januar 1941 | Den B.P. stierft an séngem Haus am Kenia. |
1937 - Leschten Optrëtt | Den B.P. huet säin leschten groussen Optrëtt um Jamboree an Holland.
|
1929 - Adelstitel | Den B.P. kritt den Adelstitel „ Lord Baden Powell of Gilwell“. |
1922 - Grënnung WOSM | De Weltcomité, d'Weltkonferenz an den internationale Bureau vum Scoutsmouvement ginn gegrënnt. Zu dësem Zäitpunkt zielt d'Scoutsmouvement iwwert 1 Millioun Memberen an 32 Länner. |
1920 - 1. Jamboree | 1. Jamboree (grouß nationalt oder internationalt Scout's-Treffen, mat bis zu e puer däisend Leit) zu London. De BP gëtt zum „Chief Scout of theWorld“ ernannt |
1919 - Schenkung Gilwellpark | Schenkungsakt vum Gilwellpark, deen zu London ass, duerch den William F de Bois MacLaren. |
1912 - d'Olave | Hien léiert seng zukünfteg Fra kennen: d’Olave St. Clair Soames, mat deem hien 3 Kanner krut. |
1910 - Grënnung Girl Guides | Grënnung vun den Girl Guides vum B.P.. Op dem B. P. säi Wonsch hin gëtt hien pensionnéiert fir séch ganz dem Scoutissem ze widmen.
|
1909 - Grënnung vun den Scouten | Déi éischt auslännesch Scoutsorganisatioun gëtt gegrënnt. |
1908 - Buch "Scouting for Boys" | Publikatioun vum Buch „Scouting for Boys” |
1907 - Brownsea Experiment | Den Camp op der Insel Brownsea, mat 22 Jugendlecher aus verschiddenen sozialen Schichten fënnt statt fir dem B.P. séng Iddien an d’Praxis ëmzesetzen. |
1901 - Militäresch Rangerhéijung | Zeréck an England gouf hien zum Generol befuerdert.
D’Sympathie vun de Leit maachen him bewosst dass hien en Afloss op d’Offizéier an d’Jugend huet. Dëst hat hien motivéiert eng Upassung vum „Aids to scouting“ erauszeginn, sou dat d'Buch elo och fir an Friddenszäiten geduet ass.
(Scouting for boys) |
1899 (2) - "Aid to scouting" | Publikatioun vum „Aids to scouting“, eng allgmeng Ausbildungslektür fir Offizéier. |
1899 (1) - 2. Buren-Krich - Belagerung
vun Mafeking | An der Stad Mafeking (haut Mahikeng), zeréck a Südafrika, huet hien déi géint verteidegt. D'Wuert Mafeking kënnt aus dem seTswana an bedeit "place of stones". Am seTswana steet "fika" fir Steng am Pluriel " mafika". D'Endung "-eng" bedeit d'"vun där Plaz". Duerch dës Missioun huet hien séch eng Reputatioun als Colonel opgebaut. Dobäi huet hien d’Jugendlecher aus dem Duerf als "Boten", och nach Scouten agesat. Dëst waren seng éischt Schrëtt vum konkrete Scoutissem. "Scouten" woren an deem Sënn Persounen déi op Reconnaissance-Missioun an den géigneréischen Terrain goungen an dat incognito. Si hunn d'Géigneren sou ausspionnéiert. |
1897 - Militäresch Rangerhéijung | Hien avancéiert zum Colonel. |
1884 - Arméi-Karriär | Séng 1. Missioun mat der britescher Arméi a Südafrika. Uschléissend Asätz an Indien, Afghanistan an op Malta.
|
1876 - "Learning by doing" | Als Offizéier wor hien géint den Drill. Hien huet deemols Aarbechtsprinzip “learning by doing” agefouer. |
22.02.1857 - Gebuertsdatum | Als Jong vum Robert Stevenson Smith, gouf hien no sénger schoulescher Karriär Offizéier. |
bottom of page