
EIS Scoutsregelen
Wéi war dat nach méi...?
Scoutsuniform:
-
Foulard + eisen Orangen Tshirt + gréngt Hiem + Scoutsuniformbox + Avexpass / + Wëllefchersbichelchen
Foulard
-
äre Blo mat enger anerer Faarw gesträifte Schal
Scoutsuniform Box
-
Et muss eng JEANS sinn fir OFFIZIELLES (Nationalfeierdag, Visite am Musée,Chrëschtmaart Verkaf, Kino,....)
-
wann dir wësst datt dir op den Hike gidd, vill trëppele musst, se knaschteg gëtt doot w.e.g. eng Box un déi net schautert an déi séier drëschend.

Allgemeng Informatiounen:
-
Ech mëlle mech bei mengem Chef of wann ech net ka kommen.
-
Ech gi reegelméisseg meng Emailaddress an d’Internetsäit www.lgs.lu/beckerich besichen fir néideg Informatiounen, Dokumenter, Datumer, Neiegkeeten, Aënnerungen, Umëlldungen, asw. ze kréien.
-
Ech informéiere mech fir 1te do iert ech menge Cheffe via SMS oder Email froen.
-
Ech mëlle mech rechtzäiteg un (Sortie, Weekend, Camp, etc) a bezuelen de Betrag (wee net bezuelt huet, krit keng wieder Detailler a geet dann och net mat. – KENG AUSNAHMEN)
-
Ech respektéieren déi verschidde Branche-Reegelen an hale mech och dodrun (z.b: Smileys bei de Wëllef)
Wéini muss ech wat undoen?
Kuerzfaassung:
Versammlung = Foulard
soubal mir eis an der ÖFFENTLECHKEET weisen: SCOUTSUNIFORM
e Pompjee läscht jo och kee Feier ouni seng Uniform :) an e Fussballspiller brauch och seng voll Montur, same here!
Zur Legend vun der Lëscht:
Jo / Yes
Nee / No
Versammlung
Foulard
d'Scoutsuniform
Wierdergerecht undoen
e gutt Schongwierk (z.B. Wanderschong)
fonkelneit Gezei
Sortie
(Soubal mir an d'Ëffentlechkeet ginn (schwammen, Visite, trëppelen, Bealtaine, Openair Kino, Chrëschtmaart, Bus fueren....)
d'Scoutsuniform
Wierdergerecht undoen
e gutt Schongwierk
fonkelneit Gezei
Week-end
d'Scoutsuniform doheem undinn
-> Regel mat der Scoutsuniformbox
séch Wierdergerecht undoen
e gutt Schongwierk undoen
fonkelneit Gezei
DE RUCKSAK
Biber a Wëllefcher schlofen net dobausse mee an engem Chalet, an enger Hütt, an enger Scheier oder an enger Jugendherberg.
Avex, Carapio, Raro brauchen e Schlofsak eng Carrymatt / Opblosbarmatt. Si schlofe bal nëmmen an Zelter oder ënnert dem fräien Himmel
fir op e Camp, Sortie, Weekend si nëmme RUCKSÄCK erlabt (kee Koffer, keng Valis, kee Kuerf)
-
De Rucksak gëtt esou gepak datt déi schwéier Saachen ënne sinn, déi liicht uewendrop.
-
Pakt är Saache an Tuuten, faarweg Säck, ....( de Firdeel: bei Reen gëtt näischt naass, dir fannt alles besser erëm an hutt keng Wull)
-
Et mëcht och kee Sënn tonne Kleeder fir all méiglech Situatioun matzehuelen: halschent gebraucht dir souwisou net. Wäschpolver fir op der Hand ze wäschen a genuch Ënnerwäsch, da si der scho bal gutt.
-
E Rucksak dee Kandgerecht ass: e muss op den Hefte setzen an de Réck vum Rucksak dierf net méi grouss si wéi de Réck vum Kand.
-
z.b.: 1,60m grouss = 40-60L Rucksak
Nach e puer Tipps:
•Schlofsak fir bannen a baussen = -10, -20°C
•Selwer oplosbar Schlofmatt, KENG Loftmatraz
•Eng gutt Reejackett / Poncho
•Ee gudde Fleece
Wat méi mann matgeet, wat méi Uerdnung herrscht
•Net dat deierst vum deiersten well Kanner verléiere numol gäer Halschent a sou dachs brauche si et o net
•Gamelle = aus INOX, KEE PLASTIK, Verbrenn a Scholzgefor
Geschäfter wou ee kann Rucksäck an Co. kafen:
-
Decathlon
-
Globetrotter
-
Asport
-
Citabel
-
A.S. Adventure
-
LGS-SHOP
-
......
Wou kënnt wéi ee Badge hin...?
(merci un déi Käerjénger LGS fir dëst Bild)


Gutt ze wëssen
-
Schlappen am Home si Pflicht
-
Handy: een ze hunn ass gutt, deen an der Täsch ze loossen och!
-
Kräisch a Laach Smileys gi bei de Biber a Wëllefcher ganz eescht geholl