top of page
...an du war den Discovery 1998 zu Biekerech bei der Waasserfabrik

 

Am Juli 1998  haten Lëtzebuerger Guiden a Scouten e nationalen AvEx Camp zu Biekerech bei der Waasserfabrik, Do, wou haut Sportshal an de Pompjeeësbau stinn. Ënnert dem Motto „Discovery“  hunn d’Scouten vun 11 bis 14 Joër während 10 Deeg um Camp geliewt. Jugendlecher aus der Gemeng Biekerech déi am AvEx Alter waren, haten d’Geleeënheet e Weekend Scoutsloft ze schnupperen. Dat war u sech de Startschoss fir LGS Biekerech.

 

De Jean-Paul Schneider, dee sëlwer  a sénger Jugend laang an de Scoute war, deen an der Gemeng gewunnt huet, hat d’Iddi, nodeems hien den Discovery besicht huet, Scouten zu Biekerech ze grënnen.

 

 

 

 

Knapps 2 Méint méi spéit ass dunn effektiv, zu Biekerech, an der Aler Molkerei déi éischt Versammlung vun de Biekerecher Scouten gehale ginn. Ufanks hate mir Wëllefcher an Avex, ab 2002 koumen dunn CaraPio derbäi. Mëtt den 2000’er hate mir och emol Biber (6-8 Joër), aus Chefmängel hu mir déi Branche awer missen opginn. RaRo (18-23 Joër) goufen et nie wirklech.

 

Aktuell huet eis Trupp an déi 40 Memberen, dofu sinn déi 14-17jähreg matt 20 CaraPio am stärkste vertrueden. Op der Plaz 2 stinn d’Wëllefcher an dono kommen d’Avex.

Ab 2014 maache mir eng nei Branche op: d’Albatrossen.

 

D’LGS Mahatma Gandhi Biekerech  gehéieren zu deene jéngste Truppen aus dem Land wann ee bedenkt datt aner Truppe well 75 Joër oder souguer 100 Joër gefeiert hunn. Mir besti lo säit 16 Joër a mir hunn eis Plaz an de Biekerecher Gemeng fonnt an hoffen, datt och mir nach vill ronn Gebuertsdeeg erliewen. All Club huet seng Héischten an Déiften, och mir, mee sou wéi de Claude an de Jean-Paul, eis zwee al Gruppecheffen,  emmer sooten:  Eemol Scout, emmer Scout,  esou hoffe mir datt déi nächst Generatiounen  firuféieren wat esou gutt am Joër 1998 ugefaangen huet.

 

Lénks Patt

bottom of page