top of page
E Patréiner fir all Trupp

Bei den LGS huet all Trupp e “Patréiner”.

 

Dëst ass eng Persoun oder een Hëllegen un deem  Trupp sech duerch seng Liewenswäissheeten, säin Handelen a seng Iddien orientéiert.

Dofir heeschen Truppen z.b. LGS St. Christophe Beggen oder LGS Robert Schuman Kiem.

Wéi mir gegrënnt goufen, huet deen deemolege Gruppechef och e Patréiner fir eis misse fannen. Een, un deem mir eis orientéieren. Esou huet hien de Mahatma Gandhi gewielt.

ghandi-1267827_1920.jpg

E Message:

D’Scoute vu Biekerech solle net an den Hongersteik goen a sech an de Prisong setze loossen, nee nee  :-)

 

Wat mir sollen uwenden ass dem Gandhi seng Haltung:

 

Du hues eng Iddi am Kapp  an du gleefs un déi Iddi a wëlls se absolut verwierklechen.

Gëff net op a setz deng Iddi ëm, gleef un dech an du ereechs däin Zil!

 
 
Kuerz Geschicht vum Gandhi

Mohandas Karamchand Gandhi (Gujarati: મોહનદાસ કરમચંદ ગાંધી, Hindi: मोहनदास करमचंद गांधी Mohandās Karamchand Gāndhī; genannt Mahatma Gandhi;

 

Gebuer:* 2. Oktober 1869  Porbandar

Gestuerwen: † 30. Januar 1948 Neu-Delhi,)

Hie war een indeschen Afekot, Widderstandkämpfer a Revolutionär

 

De Gandhi hat ee grousst Zil a sengem Liewen: Onofhängegkeet vun Indien. 1914 ass hie no sengem Studium zeréck an Indie gaangen an huet sech agesaat fir Befreiung vun Indien. Englänner hunn iwwer Indie regéiert (Britesch Kolionalherrschaft) Inder goufen ënnerdréckt, kee war fräi a konnt seng Relioun liewen, Englänner hunn alles kontrolléiert an iwwer alles bestëmmt.

Géint dës Kontroll huet de Mahatma Gandhi gekämpft.

Gekämpft ass gutt gesot, well genee dat huet hie net gemaach. Hien hat keng Waff am Grapp, huet kengem wéih gedo, huet net béis iwwer ee geschwat, hien huet 1947 säin Zil ereecht ouni eng eenzeg Kéier Gewalt unzewenden!

Duerch ganz vill Demonstratiounen an Hongerstreik huet de Gandhi op sech opmiirksam gemaach. Deeg, jee Méint laang huet hie näischt giess, d’Englänner hunn hie winst senge stëllen Demonstratiounen dachs an de Prisong gestach, wou hien dunn erëm an den Hongerstreik gaangen ass, hien huet sech nie gewiert. Dat huet d’Inder iwwerzeegt, si stungen hannert dem Gandhi an hu sech agesaat fir Befreiung vum Land. Englänner wosste net wéi si géint hie firgoe sollten, wéi kann ee géint e Mann e Krich féieren dee sech absolut net wiert? Si kruten Angscht, allkéiers hu si hie missen aus dem Prisong entloossen well e kee Gesetz gebrach hat, näischt falsch gemaach hat........

 

1947 dunn war dem Gandhi säin Zil ereecht , Indie war onofhängeg a fräi.

Quotefancy-1311-3840x2160.jpg
bottom of page