top of page

RARO METHOD

 

D´RaRo sin an engem Alter, wou si wichteg Entscheedungen treffe mussen oder virbereeden : d´Wiel vum Beruf, d´Wiel vun engem Liewenspartner an d´Wiel vun enger Liewensorientatioun.

 

Den Numm vun der Branche, Route ass Ausdrock vun dësem Sichen an Ënnerwee sin.

​

  • D´Ziler vun der Route orientéieren sech un de Bedierfnisser vun de Jugendlechen. Si huet als grousst Zil, dass déi Jugendlech lues a lues duerch Aktiounen bewosst un hirem Erwuesse-sin, Engagéiert-sin a Chrëscht-sin schaffen. Eis Method bidd dobäi e Kader.

​

  • D´Method bei der Route as eng altersgerecht Uwendung vun der Scoutsmethod. Eis Method huet also déi nemmlecht Charakteristiken, Typ vun Aktivitéiten an Art a Weis fir se durchzeféieren, wéi déi vun deenen anere Branchen, mam Ënnerscheed dat bei eis den Eenzelnen méi gefuerdert gëtt. Et ass eis wichteg, dass d´RaRo bewosst un hirer egener Perséinlechkeet schaffen.

​

  • Zur Method gehéiert : d´Liewen an engem Grupp. De Grupp wou d´RaRo séch treffen nennt sech Clan. Dëse Clan trefft sech regelméisseg a Versammlungen a setzt sech Ziler a Regelen. D´RaRo léieren zesumme schaffen an huelen Decisiounen zesummen. Mir schwätze vu Cogestioun. All RaRo mecht a sénger Route-Laafbunn eng Progressioun mat.

 

  • De Projet as bei der Route dat, wat bei de CaraPio d´Entreprise as. Et as e praktescht Emsetze vun der Scoutsmethod. Als Projet gëllen all méiglech Aktivitéiten awer dem Alter ugepasst. Et gët sech an Themen erageschafft a jidferee soll Konsequenze fir séng egen Haltung zéien. Beim Plange vum Projet huelen d´RaRo Responsabilitéiten un. Beim Ofschloss gët e Bilan gemaach. De Camp-Volant. D´RaRo sin an engem Alter, wou si hierem Liewen eng Orientatioun musse gin : se sin ënnerwee. De Camp-Volant as dowéinst eng ugepassten Aktivitéit fir eis Branche.Reliéis Aktivitéiten. De reliéise Beräich as wahrscheinlech deen, wou déi mannste RaRo a Chef/tainen eenz gin. Eng Hëllef dëst Thema unzegoën, bidden eis Thematesch Weekender. Gruppendynamesch Spiller. Dës Spiller hëllefen, sech den Haltungen a Situatioune bewosst ze gin. Konflikter gin thematiséiert a nët einfach verdrängt. Et gët eng kënschtlech Situatioun geschaf an där kee brauch Angscht ze hun, säi Standpunkt ze vertrieden. Et bleiwt ëmmer nëmmen e Spill. Coeducatioun an Développement communautaire.
     

D´Gesellschaft entwéckelt sech ëmmer weider, an eist Mouvement muss sech lafend neien Erausfuerderunge stellen.

​

Zwee Problemkreesser goufen esou an de leschte Joëren thematiséiert:

​

  1. D´Zesummeliewe vu Mann a Fra, an d´Gemeinschaft op lokalem, nationalem an internationalem Plang.

  2. D´Coéducatioun an den Développement communautaire bezeechnen eis Erzéiungsaarbecht op dësen zwee Gebidder.

bottom of page