top of page

Carapio Method

 

D’Ziler vun der CaraPio-Branche sinn :

​

Eege Grenze kenneléieren ( et kann ee méimaache wéi ee mengt).

• Selbststännegt Denken an Handelen.

• Verantwortungsgefill fir sech, déi aner and’Ëmwelt.

• Positivt Denken an Handelen.

•Abenteuer an Erliewen

•Internationalitéit

​

D'Method :

​

An der CaraPio-Branche gëtt mat Ekippen an Entreprise geschafft:

 

Den Ekippesystem

​

  • a Gruppen vu 4 bis 8 Leit

  • eng Ekipp gëtt am Prinzip fir d’Dauer vun enger Entreprise opgestallt;  Ass déi Entreprise eriwwer, da gi fir déi nei Entreprisen erëm nei Ekippen opgestallt.

  • All Equipe gëtt vun engem Ekippe-Responsabel (Ekippenleeder) geleet, deen d'Jugendlech ënnert séch selwer bestëmmen.

​

Séng Missioun:

d'Ekipp intern ze koordinéieren. Hien ass Uspriechpartner fir de CaraPio-Staff. Et ass um CaraPio-Staff dofir ze suergen, datt den Ekippechef ëmmer wiesselt, esou datt all Jugendlechen a sénger CaraPio-Karriär op mannst eemol déi Erfahrung maache kann. Och a klenge CaraPio-Truppen soll mat dem Ekippesystem geschafft gi fir de Jugendlechen esou d'Méiglechkeet ze ginn, eegestänneg ze schaffen, en Gefill fir Verantwortzung ze kréien a séch esou hire Verantwortungen iwwerhaapt bewosst ze ginn.

​

  • Den Ekkipesysteem verlaangt vun dem CaraPio-Staff eng gutt Beobachtung an en diskret Agräifen. Sollt de System net esou fonktionnéieren ewéi viirgesinn, dann ass de Staff gefuerdert fir den Zuch erëm op déi richteg Schinn ze setzen. Esoubal séng Interventioun gräift, muss e sech erëm zréckzéien.

 

Quell:  www.lgs.lu

bottom of page