top of page

Biber Method

 

Déi éischt Zäit bei de Biber ass eng Zäit vun:
- Géigesäitegem Kenneléieren
- Kenneléiere vu Grupperegelen
- Kenneléiere vum Déier Biber
Och wann d’Kand e puer Kollege bei de Biber scho kennt, sou ass et awer en neie Grupp mat neie Gesiichter. Déi éischt Zäit ass also wichteg, fir kënneg ze ginn. Déi flott Atmosphär, déi da geschaf gëtt, kënnt der Zesummen-aarbecht d’ganzt Joer iwwer zegutt.
An deenen éischte Versammlunge soll dofir all Kéiers am Ufank e Kenne-léierspill um Programm stoen. Dat Wichtegst ass, datt d’Kanner sech an deem neie Grupp wuelfillen a sech mat hiren neie Kollegen a ChefTainë vertraut maachen. D’ChefTainë sollen oppassen, datt si all Kand déi selwecht Opmierksamkeet zoukomme loossen a si all séier mam Numm kennen.
D’Biber si fir d’Kanner den éischte Kontakt mat Guiden a Scouten. Et ass gutt, wa mir eis de Kanner hir Virstellungen unhéieren an all hir Froë beäntweren. Si mierken no an no, datt d’Biber eng éischt Etapp vun den LGS sinn.
Déi éischt Versammlunge sollen d’Kanner dann och genuch Geleeënheet hunn, fir d’Déier Biber kennenzeléieren.
D’Kanner sinn an engem Alter, wou se schonn an engem Grupp eens kënne ginn. Um Ufank ginn zesumme mat de Kanner Grupperegelen opgestallt a beschwat, well eréischt dës e flott Zesummeliewen erméiglechen. Een deen aneren ausschwätze loossen, eng Geschicht nolauschtere bis zum Schluss, säin Tour ofwaarden, léif matenee sinn asw... si Regelen, déi ëmmer erëm ënnerstrach solle ginn.
Och am Laf vum Joer kënnt nach heinansdo e Kand an d’Biberfamill dobäi. Et brauch eventuell eng Ulafzäit, déi een him zougestoe muss. An där Zäit léiert et d’Kanner an d’ChefTainë kennen a ka sech mat de Grupperegele vertraut maachen. Et ass gutt wann e/eng Chef/Taine déi éischt Zäit e bësse méi no deem Kand kuckt. An enger Versammlung kënnen d’Biber him dovun erzielen, wat si bis elo an hirer Famill erlieft hunn.

 

De Foulard
De klenge Biber lieft deen éischte Mount no der Gebuert just am Biberbau. Hei gëtt hien vun der Mamm, vum Papp a vun den eleren Geseschter versuercht a beträit. No ongeféier engem Mount geet hien fir d’éischt eraus, ënnert Opsiicht vu senger Mamm.
No engem Mount, also ongeféier 3 bis 4 Versammlungen huet sech am Ufank vum Joer den onregelmäessege Va et Vient e bësse geluecht, an et gesäit een wéi eng Kanner regelmäesseg an d’Biber kommen a prett sinn, fir dëst och weiderhin ze maachen. Als Zeechen vun der Zougehéirechkeet vun der Famill kréien déi nei Biber lo hiere Foulard.
Dëst kann an enger normaler Versammlung stattfannen, sollt awer an e klenge mä feierleche Kader agepaackt ginn. Och kënnen déi Biber aus dem zweete Joer mat agebonne ginn fir hinnen z.B. de Foulard z’iwwerreechen.

 

D‘Verspriechen
Am Laaf vum Joer léiert de Biber an der Natur vill nei Saachen: tauchen, Iesse sichen, Äscht a Beem uknabberen, etc. No engem Joer huet hien sech zu engem volle Member vun der Famill entwéckelt an huet och schonn eng Rei Responsabilitéiten ze droen. Dëst as den Zäitpunkt, wou de Biber an de Scouten säi Versprieche maache kann.
No engem Joer kënnen d’Kanner verspriechen datt si och weiderhinn bei de Biber wëlle matmaache wëllen an sech un d’Regelen vun der Famill hale wëllen.Als Zeechen fir d’ofgeluechtend Verspriechen kréien si de Verspriechensbadge.
D’Verspriechensfeier soll e Fest sinn, op dat d’Kanner schon am Virfeld virbereet goufen. Bei der Verspriechenszeremonie stellt d’Cheféquipe deene jonke Kanner eng Fro, op déi dës dann äntweren.
D’Cheféquipe freet: Maacht dir mat bei de Biber, haalt eis Regelen an, hëlleft an deelt ?
D’Kanner äntweren: Jo !
Déi ganz Famill weist duerch e Bon hir Freed, datt déi nei Kanner hiert Versprieche gemaach hunn. Als Zeechen, datt si elo ‘offiziell’ zur Biberfamill gehéieren, kréie si de Verspriechensbadge iwwerreecht. Heibäi sollen d’Chef dem jeweilege Biber och roueg e puer positiv Beispiller vu senger Entwécklung mat op de Wee ginn, z.B. de Biber luewen wéi gutt hien ëmmer matmecht oder wéi fair hien ëmmer spillt.

 

Dat zweet Joer an der Biberfamill
Am grousse Ganzen ännert sech net vill fir d’Kanner, wa se dat zweet Joer bei de Biber sinn. Methodesch gesi schaffe mir d'selwecht wéi virdrun. Eppes anescht ass och net erfuerdert, well duerch dee klengen Altersënnerscheed keng grouss Differenze bei de Kanner hire Fähegkeeten a Bedierfnësser bestinn.
Als Zeechen datt d’Kanner dat zweet Joer dobäi sinn, kréien si de Biberbagde, deen op de lénken Aarm vun der Uniform gebutt gëtt. Wie keen Uniformshiem huet, kann de Badge op de Foulard bitzen.
Ideal ass et wann de Badge uschléissend un d‘Foulardsiwwerreechung un d’Kanner vum zweete Joer verdeelt gëtt.
Zäitweis solle mir awer besonnesch opmierksam si fir déi grouss Kanner:
- Wann d’Joer nees ufänkt an déi ‘nei’ Kanner mam Biber a mat de Grupperegele vertraut gemaach ginn, kënnen déi Grouss hinnen dobäi hëllefen. Si hunn dat Joer virdrun eng Rëtsch Erfahrunge gemaach, déi si elo kënne weiderginn, wann d’Chef se dobäi ënnerstëtzen.
- Bei verschiddene Spiller a Kniwwelen am Laf vum Joer kënnen déi grouss Biber eng méi verantwortungsvoll Charge kréien. Sou kann z.B. e Kand dofir suergen, datt d’Material erëm ageraumt gëtt oder engem Kand hëllefen, wat net esou gutt eens gëtt. Bei engem einfache Spuerespill kann een eppes abauen, wou et néideg ass datt déi Grouss et virliesen, asw...
- Och bei der Verspriechensfeier kënnen déi Grouss gutt mat abezu ginn. Doduerch, datt si selwer deene Jonken iwwer d’Bedeitung vum Biber senger éischter Sortie erzielen, gëtt hinnen de Sënn dovun erëm méi bewosst. Gläichzäiteg léiere si, datt si eng wichteg Roll dobäi spillen.

 

D'Montée, oder: wéi kënnt de Biber an den Dschungel bei d'Wëllef?
No e puer Joer op enger Plaz sicht de Biber sech en neie Liewesraum a passt sech deem ouni Schwieregkeeten un. Normalerweis verloossen déi zweejähreg Biber hir Famill, fir selwer eng eege Famill ze grënnen.
Dëst ass bei den LGS den Zäitpunkt wou de Biber d’Montée bei d’Wëllefcher mécht. Virun der Montée breeden d’Biberchef d’Kanner op dëst Evenement vir.

 

vum site www.lgs.lu

 

 

 

bottom of page