top of page

Avex Method

 

D'Ziler vun der Avex-Branche sinn:

​

Och bei den Avex gëtt no enger Linn a mat enger Zilsetzung geschafft, dëst ass grad bei Jugendlechen an der Altersgrupp vun 11-14 Joer besonnesch wichteg.

​

Hei gëtt de Jugendlechen geprägt, wat seng spéider Weiderentwécklung ubelaangt.

 

  • léiert proposéieren,

  • ze decidéieren,

  • sech ze organiséieren,

  • sech anzesetzen,

  • séch ze respektéieren,

  • sech ze engagéieren,

  • am Grupp ze liewen

  • an ze agéieren

 

​

Idealer :

​

D'Idealer, déi him an dëser Altersstuf ugebuede ginn, sollen net onbedéngt Regelen duerstellen, no deenen hie liewen muss, mä sinn éischter als Orientéierungshëllef geduecht, un deenen séch den Avex moosse kann.

 

Dëst ass eng vun de groussen Neierungen déi op de Jugendlechen am Avex-Alter duerkënnt. Den Avex kann a soll, matentscheeden, wat a sénger Trupp gemaach gëtt, dëst op eng demokratesch Art a Weis. 

​

​

Partizipatioun:

​

Déi eegen Iddi, déi eege Meenung.

​

Den Avex gëtt geléiert an engem klengen Grupp Verantwortung ze iwwerhuelen an ze droen. Den Avex soll léieren, wat et heescht an esou engem Grupp ze agéieren, zum Beschte vun all Member vun dësem Grupp. Dofir gëtt et bei den Avex de Patrullesystem, wou 5-7 AvEx zesumme schaffen, léieren, Freed hunn.

​

​

 - Expeditioun:

​

  • Et sinn d'Avex an hir Patrullen, déi selwer d'Theme vun de Versammlungen (Expeditiounen) festleeën an e puer Woche mat dëser Thematik hantéieren. Bei esou enger Expeditioun léiert de Jugendlechen nei Techniken, sech mat spezifeschen Thematiken ausernaner ze setzen, a séch fir eppes ze engagéieren, wat vläicht nei fir hien ass. Zum Schluss vun der Expeditioun gëtt e Bilan gemaach, wou ee ka gesi wat gutt, respektiv manner gutt war, an den Avex esou seng perséinlech an awer och allgemeng Schlussfolgerungen zéien kann. Den Avex soll nämlech duerch d'Ausprobéieren dobäi léieren - nom Prinzip vum learning by doing.

​

  • Den Avex soll léieren dass säin Handelen net ouni Konsequenze geschitt. Dës kënne positiver an awer natierlech och negativer Natur sinn. Esou gëtt probéiert dem Avex Wäerter ze vermëttelen, déi spiritueller, sozialer, ökologescher an ökonomescher Natur sinn. Hie soll léieren dass et niewent him och eng helle Wull vun anere Leit ginn, an dass et am Sënn vum Guidissem a Scoutissem ass, dass all zesummen an Harmonie solle funktionéieren.

​

  • Während séngen 3 Joer bei den Avex gëtt de Jugendlechen dozou motivéiert sech ëmmer nees ënner Beweis ze stellen. Dëst kann hien duerch eng Rei Ofzeechen maachen, déi den Avex séch ka verdéngen (Badger). Awer och séng perséinlech Entwécklung gëtt net vernoléissegt: hien/hat kann um Enn vun séngen 3 Joer säi Verspriechen ofleeën an domadder seng Fäegkeeten a Kenntnisser bei den Scouten erweideren.

​

  • Den Avex soll léieren, dass de Chef, respektiv d'Cheftaine, e Kolleg/eng Kollegin ass a gläichzäiteg erkennen dass dësen/dëst als Virbild agéiere kann. Dëst verlaangt dacks vun de Cheftainen a Cheffen Fangerspëtzegefill, mat engem gewëssenem KnowHow an der Jugendpsychologie, well si sech jo an dee Jugendlechen eraversetze sollen. An aneren Wierder, si mussen wëssen wéi d'Jugendlecher ticken ;-)

 

vum site www.lgs.lu

bottom of page